9. Episod vum neie Podcast op RTL: "Exit! an elo?"Ëmmer méi Medikamenter fir d'Covid-19-Traitement

Pierre Weimerskirch
Lauschtert déi 9. Episod vum Podcast "Exit! an elo?" mam Serge Meyer, deen am Escher Spidol d’Krisenzell geleet huet, op RTL.lu.

Mir hu Medikamenter, fir de Schued vun der Krankheet a Grenzen ze halen, ma nach gëtt et kee standardiséiert Mëttel, fir Covid-19-Patienten ze traitéieren, esou den Dr. Serge Meyer, deen am Escher Spidol d’Krisenzell geleet huet, am RTL Podcast Exit! An elo?

Dexamethason, e Medikament dat scho jorelaang um Marché ass, senkt d’Mortalitéit ëm een Drëttel, esou eng rezent Etüd. D’Medikament gouf zu Lëtzebuerg scho systematesch beim Traitement vu Patienten agesat. Et géif elo vill Piste ginn, wéi ee schwéierkrank Patiente ka behandelen. Eppes wat een awer och gesinn hätt, wier dat een d’Patienten an engem fréie Stadium misst medikamentéis traitéieren.

Ee vun de Problemer wier awer d’Accessibilitéit vun de Medikamenter. "Wa mer d’Medikament net am Schaf hunn, kënne mer et net ginn", esou de Serge Meyer.

Den Ament hätt een d’Situatioun hei am Land am Grëff, vill vun de Mesuren, déi een an der éischter Well gegraff huet, misst een an enger zweeter esou net méi ergräifen.

Lauschtert de ganze Podcast:

Den Ament hätt een d’ Situatioun hei am Land am Grëff, vill vun de Mesuren déi an der éischter Well gegraff huet misst een an enger zweeternet méi huelen

De ganze Podcast mat zousätzlechen Detailer fannt Dir ënnert podcast.rtl.lu.

Eng Episod verpasst?

Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.

"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.

Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.

Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn.

Mam Dokter Gerard Schockmel, Infektiolog aus den Hopitaux Robert Schuman, schwätzt de Pierre Weimerskirch iwwert d' Entwécklung vun Impfstoffer.

Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.

Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.

Mir musse léieren eis Fräiheeten a Grondrechter ofzeweien, esou de Politikwëssenschaftler Michel Dormal.

LINK: Hei geet et bei d'RTL-Podcasten!

Back to Top
CIM LOGO