Mir rekrutéiere kontinuéierlech. Mir stellen awer gläichzäiteg och fest, dass d’Occupatioun vum Prisong déi lescht 2 Joer stänneg an d’Luucht gaangen ass an dofir musse mer dann och reagéieren. Dat sot d’Justizministesch Elisabeth Margue en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. E Méindeg hat de President vun der Associatioun vun de Giischtercher hei op der Antenn gefuerdert, et bräicht méi Personal fir d’Sécherheet ze garantéieren. D’Prisonge wiere voll an dat géif zu méi Handgräiflechkeete féieren. Fir 2024 bis 2026 hätt een och am Ganze 60 weider Rekrutementer virgesinn.
D’Ministesch sot och, dass d’Prisongen zu Schraasseg an um Uerschterhaff zwar nach net “voll voll” wieren, mee et géing een eng kloer Tendenz gesinn. Dat léich natierlech och dorun, dass ee méi Policebeamte rekrutéiert hätt, da géing méi poursuivéiert ginn an da wieren d’Prisonge méi voll. Wat d’Sécherheet ugeet, géingen d’Giischtercher mam neie Prisongsgesetz méi Moyene kréien, fir besser géint d’Drogen am Prisong kënne virzegoen. Dat wier effektiv nämlech e grousse Problem, dass iwwer Courrieren och Spice [eng synthetesch Cannabis-Variant, ndlr.] an de Prisong kënnt. Den Asaz vun Peffergel soll geschwënn och méiglech ginn, wann een déi néideg Formatioun huet. Aktuell hätt een dës am Schaf leien a se géinge verstëbsen, sou d’Kritik vum Samir Djennas e Méindeg. Duerch een technesche Problem mam Trainingsmaterial, wier Retard entstanen, mee déi Traininge wäerte weidergoen an de Peffergel soll och an den Asaz kommen, sou d’Elisabeth Margue.
“Et ass kee frou, wa Jonker am Prisong musse placéiert ginn”, dat seet d’Ministesch zum Fall vum 14 Joer ale Meedchen, wat eng Matschülerin mam Messer gepickt hat an duerno am Erwuesseneprisong gelant ass. D’Unisec zu Dräibuer hätt just 12 Plazen, do wier ee ganz séier vir bäi an hanne widder, sou dass een dann an Ausnamefäll, besonnesch wa Jonker gewalttäteg sinn, muss op Schraasseg auswäichen. Do géing een dann awer besonnesch gutt oppassen den néidegen Encadrement ze maachen. D’Ministesch seet, si géing ganz ongedëlleg op den Avis vum Staatsrot waarden zu den Amendementer iwwer d’Jugendschutz- a Jugendstrofrecht-Gesetzer.“Mir waarde wierklech e bëssen och selwer verzweiwelt op dee Projet.” D’Amendementer hätt een d’lescht Joer am Mee beim Staatsrot agereecht. “Mee et ass wierklech eng Prioritéit, well mer musse kënnen anescht schaffen, och mat jonken Täter, well mer eebe kee Jugendstrofrecht hunn. Dat heescht, mir mussen aner Garantien hunn. D’Jugendstrofrecht gesäit aner Garantië vir, aner Strofen”, sou d’Elisabeth Margue.
Mat den neie Gesetzer kéint een dann alternativ Mesurë virgesinn. De Fräiheetsentzuch wier déi lescht Méiglechkeet. Mam neie Gesetz soll och den Alter, vu wéini un e Jonke strofmündeg ass, definitiv op 13 Joer festgeluecht ginn. Och de Site zu Dräibuer géing jo ëmgewandelt ginn an ee Jugendprisong an donieft géing och nach e Bauprojet lafen, sou d’Ministesch. Do wier een am Timing, dee virgesinn ass [30 Plaze bis 2031, ndlr.]
D’CSV-DP Koalitioun huet an hirem Programm eng Comparution immédiate virgesinn. Dat ass eng Prozedur, bei där Beschëllegter eeben direkt no enger Festnam viru Geriichte kënne kommen a séier verurteelt ginn. D’Zil vun esou enger “verschnellter Prozedur”, wier et, fir eng séier Äntwert op eng strofrechtlech Situatioun ze ginn, mee gläichzäiteg och “Droits de la défense” ze respektéieren. Am Abrëll wier nach eng Reunioun mat de Justizautoritéiten a mam Barreau, iert een dann e Projet géing deposéieren. “D’Iddi ass elo net, innerhalb vun zwee Deeg virun de Riichter ze goen, well mer awer mengen, datt besonnesch aus engem Point de vue vum Respekt vun den Droits de la Défense, dat awer vläicht schwiereg ass. Mee innerhalb vun e puer Wochen.” Dat géing virun allem a Fro kommen, fir Affären, wou e Flagrant déli wier, zum Beispill Vol oder Drogen. Dat wier awer net déi eenzeg Mesure fir Prozeduren ze acceleréieren. Enn d’lescht Joer wier och de Projet de loi vun der “Mini-Instruction” gestëmmt ginn. “Fir eeben och méiglech ze maachen, datt net ëmmer muss eng Untersuchung opgemaach ginn, datt de Parquet méi Akte kann, ech soen eng Perquisitioun zum Beispill, ordonéieren, ouni datt eng Untersuchung opgemaach gëtt,” sou d’Justizministesch Elisabeth Margue.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.