Bessere Schutz gefrotEis Bëscher leiden duerch Hëtzt, Dréchent an de Borkenkäfer

Christophe Hochard
Op der Klimakonferenz zu Glasgow gouf decidéiert d'Zerstéierung vun de Bëscher bis 2030 ze stoppen.
Eis Bëscher leiden
Och zu Lëtzebuerg hunn d'Bëscher et schwéier. Si gi vu Pilzen an Déiere befall an dofir brauch et laangfristeg Léisungen, sou d'Naturverwaltung.

Lëtzebuerger Bëscher leiden / Reportage Dany Rasqué

Och hei zu Lëtzebuerg hunn d'Bëscher et schwéier, d'Extremer beim Wieder si Gëft fir si. Eis Bëscher gi vu Pilzen an Déiere befall an et musse laangfristeg Léisunge fonnt ginn.

Een Drëttel vum Lëtzebuerger Territoire besteet aus Bësch. Dëst si ronn 90.000 Hektar. Dat entsprécht enger Surface vun iwwer 127.000 Futtballsterrainen.

De Bësch huet ganz verschidde Funktiounen. Hie suergt ënner anerem fir proppert Waasser, Sauerstoff, schützt de Buedem an ass Liewensraum fir Fauna a Flora. De Gros vun eise Bëscher besteet aus Buchen. Dovunner sinn der och eng Partie mat Eechebeem gemëscht. Do dernieft ginn et hei zu Lëtzebuerg och Dännebëscher.

Eise Bëscher geet et allerdéngs net méi esou gutt. Dëst fält de Responsabele vun der Naturverwaltung zanter 2018 op. D'Hëtzt an Dréchent mécht de Fiichten a Buchen d'Liewe schwéier. D'Bëscher brauchen Hëllef, allerdéngs wäert an noer Zukunft net vill changéieren. Et wäerte weider Bamzorten krank ginn a Fiichtebeem ofstierwen. De Borkenkäfer ass un deem Ofstierwe schold.

Et gëllt ze reagéieren. Et wär wichteg eng Mëschkultur an eis Bëscher ze kréien, seet d'Martine Neuberg vun der Naturverwaltung, Responsabel vum Service Forêts.

Wiederextremer wäerten an Zukunft eise Bëscher ze schafe maachen. Héich Temperaturen am Summer a periodesch vill Néierschlag. D'Erausfuerderung wär et elo, Beem ze fannen, déi dëse Wiederkaprioule gewuess sinn.

Back to Top
CIM LOGO