
E Samschdeg kuerz no 17 Auer stoung en eidelt Haus an der Tréierer Strooss um Findel a Flamen. Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad a vu Sandweiler. Wärend de Läschaarbechten hu si eng Persoun fonnt, déi am Haus geschlof huet. Se gouf wakereg gemaach a koum onverletzt an d'Spidol. Fir déi genee Ëmstänn vum Brand z'ermëttelen, huet de Parquet eng Enquête ugeuerdent.
Do virdru gouf eng Persoun zu Esch um Boulevard Hubert Clement vun engem Auto ugestouss a liicht blesséiert.
Um 18.30 Auer krute sech zu Rammerech an der Rue du Nord 2 Gefierer ze paken. Hei gouf et 2 liicht Blesséierter. Déi gouf et och bei engem Accident mat 2 Autoen zu Esch op der Beneluxplaz kuerz no 21 Auer.
Zu Eesbech huet géint 21.30 e Bam gebrannt an an der Stad an der Rue du Rollengergrund stounge kuerz virun 2.30 Auer 3 Autoen a Flamen.
E Sonndeg kuerz virun 13 Auer koum et zu Steeën zu engem Accident, bei deem 3 Persoune verwonnt goufen. D'Pompjeeën aus der Fiels a vu Miedernach waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanzen aus der Fiels, vun Dikrech a vun Ettelbréck.