
De Konsumenteschutzsministère huet zesumme mat der ULC, der CLC, also der Confédération vun de Lëtzebuerger Commercen an dem Horesca-Secteur eng Charta ausgeschafft, fir datt an Zukunft Geschenk-Bongen eenheetlech ausgestallt ginn.
An där Charta gouf ënnert anerem festgehalen, wéi eng Informatiounen op dem Bong musse stoen, datt e minimum 2 Joer gülteg muss sinn oder och nach, wat geschitt, wann de Cadeau, deen ee sech aussicht, manner kascht wéi d'Zomm, déi um Bong steet.
D'Charta ass allerdéngs op fräiwëlleger Basis. Am September soll de Point, a wann néideg, Adaptatioune gemaach ginn.