Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer méi op elo 129, vu 6.845 Tester waren der 97 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm eng Persoun op 129 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 31 Leit hospitaliséiert, 2 Persoune dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.117 aktiv Infektiounen. 7.973 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,16.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO