Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer méi op elo 125, vu 6.039 Tester waren der 86 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm eng Persoun op 125 geklomm ass.
© RTL Archivbild

Mëtt August war et dat lescht Doudesaffer zu Lëtzebuerg.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 86  positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 6.039 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 30 (0) Leit hospitaliséiert, 5 (0) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.190 aktiv Infektiounen. 7.280 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO