PoliceEen Accident wéinst Afloss vu Medikamenter, een zweete wéinst Alkohol

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Donneschdeg den Owend zu 2 Accidenter, eemol zu Dippech, en zweeten no Mëtternuecht um Zéissenger Kräiz.
© RTL Archivbild

E Chauffer, dee géint 19.50 Auer vun Dippech-Gare op Dippech ënnerwee, krut de Bord vum Rond-point ze pake an huet d'Kontroll iwwert säi Won verluer, deen duerno matten am Kreesverkéier un d'Hale koum. De Mann gouf net verwonnt, ma, wéi d'Police schreift, gouf den Auto uerg beschiedegt

D'Beamten hu festgestallt, datt de Mann ënnert dem Afloss vu Medikamenter stoung. Hien huet fir eng Bluttprouf missen an d'Spidol. Et gouf protokolléiert an e Bericht un den Transportministère geschéckt.

Um Zéissenger Kräiz, vun der Areler A6 eriwwer op d'Escher Autobunn, gouf der Police no Mëtternuecht en accidentéierten Auto gemellt. Op der Plaz hunn d'Beamten eng Fuererin ugetraff. Si war net blesséiert, hat awer gedronk an hat och kee valabele Fürerschäi bei sech. Et gouf protokolléiert an eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO