Mann bei Féiz festgehollEe Fuerverbuet, Auto net ugemellt, keng Assurance ... an 2 Waffen derbäi

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg ass der Police ee Gefier tëscht Steebrécken a Féiz opgefall, well de Chauffer en aggressive Fuerstil drop hat.
© RTL-Archiv

D'Beamten hunn decidéiert, den Auto ze kontrolléieren. Si hu misste feststellen, dass de Mann kee Permis méi hat, den Auto weder ugemellt war, nach eng Assurance hat.

Donieft hat de Chauffer en Teleskopschléier an eng Schreckschosspistoul derbäi hat.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Um Samschdeg de Moie koum hie virum Untersuchungsriichter. Den Auto an d'Waffe goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO