2 Accidenter e Méindeg den OwendEe Chauffer hat e Fuerverbuet, en zweete hat sech nom Accident ewech gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg den Owend zu 2 Virfäll op eise Stroossen.
© RTl Archivbild

Géint 22.30 Auer hat e Chauffer an der Rue de l'Alzette, kuerz virum Agank Kruuchten an enger Rietskéier d'Kontroll iwwert säi Won verluer an eng Wiss gefuer. Den Auto war net uerdentlech ugemellt a géint de Chauffer huet e Fuerverbuet bestanen. Et gouf protokolléiert.

Kuerz no 23 Auer krut en Automobilist e Gitter vun engem Schantjen  um Belval ze paken an huet sech ewech gemaach. De Chauffer gouf spéider vun der Police ermëttelt. Hien huet en Alkoholtest refuséiert. Hie krut e Fuerverbuet an e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO