
Dat am Kontext vun den aktuelle parlamentareschen Debatten ëm den 2. militäreschen Observatiounssatellit, dee Lëtzebuerg bestallt huet. E Projet, deen zolidd an der Kontrovers stécht nodeems bekannt gouf, datt sech d'Käschte vun 170 Milliounen Euro op 350 Millioune méi wéi verduebele sollen.
"Ech hunn näischt ze verstoppen a gi selbstverständlech mat menge fréiere Mataarbechter an déi Kommissioun fir op all Froen z'äntweren", seet de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider RTL géintiwwer.
Allerdéngs hätt den LSAP-Politiker, dee virun 3 Méint jo der aktiver Politik de Réck gedréint huet, awer bis dato nach keng Invitatioun vun der Chamber krut, fir an d'Budgets- a Kontrollkommissioun ze kommen.
Allemol wéilt hien Accusatiounen net esou am Raum stoe loossen. Dem Etienne Schneider no wier et zanter de leschte Walen ënnert dem grénge Verdeedegungsminister François Bausch zu enger neier Ausriichtung vun der Defense-Strategie komm, duerch déi de Projet a Fro gestallt gi wier.
Kritesch gesäit jo ënnert anerem d'Presidentin vun der Chamber Budgets- a Kontrollkommissioun, d'Diane Adehm, de Satellitteprojet. Et wier e Prestige-Projet, deen den Etienne Schneider wuel nach hätt wéilte virun de Walen am Oktober 2018 duerch d'Chamber ofseene loossen. D'ekonomesch Plusvalue fir eist Land erkennt d'CSV-Politikerin net.
Wann trotz de Kriticken um Satellitteprojet festgehale gëtt, ass geplangt dëse Mëtt 2022 vu Kourou aus ze lancéieren. Responsabel fir de Bau an de Lancement ass d'Firma OHB Italia. D'Exploitatioun soll duerch eng aner Firma geschéien, woubäi PWC d'Regierung bei dëser Sich berode soll - eng Firma, déi jo och ewell en Audit verfaasst hat, aus dem mer op dëser Plaz zitéiert hunn.