Para-Chute: Pôle Social et d'OrientationE soziale Fallschierm matten op der Gare

RTL Lëtzebuerg
De Para-Chute ass eng Ulafstell fir Mënschen op der Strooss oder déi soss Problemer hunn.
Para-Chute: Pôle Social et d'Orientation
De Para-Chute ass eng Ulafstell fir Mënschen op der Strooss oder déi soss Problemer hunn.

E sozialen Déngscht ganz nom Virbild vun de groussen internationale Garen: Eng Zesummenaarbecht tëscht CFL, der Stad Lëtzebuerg, Caritas an dem Familljeministère.

Direkt nieft der Verrière op der Gare selwer gëtt et zanter 2016 moies an hire Raimlechkeeten eng gratis Taass Kaffi an domat och en éischte Kontakt. Net wéineg vun de Leit, déi bei hinne laanschtkommen, sinn och alkohol- oder drogekrank, dacks ouni festen Daach iwwert dem Kapp.

D'Konzept vum soziale Fallschierm, deen op dës Manéier soll gezu ginn, funktionéiert iwwert eben dës waarm Taass Kaffi. De Para-Chute ass den éischte soziale Service, dee moies seng Dieren opmécht a sou ass ee mat ville Leit och an engem reegelméissege Kontakt. Als Pôle Social et d'Orientation ginn et do och Informatiounen, respektiv gi Clienten op déi richteg Plazen a Servicer weider geleet.

D'Clientèle ass ganz variéiert an esou och d'Hëllefen, déi hinne gebuede ginn, vum waarme Gedrénks, iwwert en Uruff, bis alt souguer Drogen-Therapieplaz organiséieren. De Para-Chute versicht, datt déi, déi Hëllef sichen, net nach méi ofrëtschen. Sou wéi den anonymmen Temoignage vun engem Client, “dem Misch”, deen esou op nei Weeër gaangen ass.

De Reportage ass iwwregens souwuel viru Corona, wéi och elo kierzlech gedréit ginn. Falls ee sech wonnert, wann op de Biller vill Leit beienee sinn ouni Mask an Ofstand.

Back to Top
CIM LOGO