Wiederprevisioun fir e Sonndeg"3 bis 4 Stonne" kräftege Schnéi erwaart - Bis zu 7 Zentimeter kéinte leie bleiwen

Kevin Kayser
Wärend e Samschdeg nach eng Alerte Jaune fir de Süde gëllt wéinst méiglechem Héichwaasser, esou gëllt fir e Sonndeg fir dat ganzt Land déi selwecht Aläerte wéinst Schnéi.
Schnéi zu Nidderpallem.
© MORITZ FRANKENBERG/dpa Picture-Alliance via AFP

Fir e Sonndeg da besteet vu 15 Auer un eng nei Alerte Jaune, dëst wéinst méiglechem Schnéi. Am Schnëtt, esou den nationale Wiederdéngscht, wäerten am ganze Land tëscht 2 a 4 Zentimeter Schnéi falen. Plazeweis an haaptsächlech op den Éisleker Koppe kënnen awer esouguer 7 Zentimeter Schnéi erofkommen. Et ass awer och net ausgeschloss, datt plazeweis manner oder guer kee Schnéi leie bleift. D’Temperature leien tëscht -4 Grad an der Nuecht a maximal 3 Grad am Dag. Änlech mellt dat och Kachelmann Wetter, déi am Laf vum Nomëtteg dovun ausginn, datt et “3 bis 4 Stonnen” kräftege wäert schneien.

Weider präziséiert Kachelmann, datt de Schnéi am spéiden Owend scho plazeweis a Schnéireen oder Reen iwwergoe kann.

© MeteoLux

Fir e Méindeg da schwätzt Kachelmann vun “wiesselhaftem” Wieder mat ville Wolleken a wéineg Oplockerungen. Hei ass um Moien nach mat Schaueren ze rechnen, déi am Laf vum Nomëtteg a Schnéireen wäerten iwwergoe respektiv am Éislek esouguer a Schnéi. D’Temperature wäerten net iwwer 5 Grad klammen.

Änlecht Wieder dann och en Dënschdeg, mat Reeschaueren, bei deenen och emol Schnéi dotëscht ka sinn. Hei rechent ee mat maximal 6 Grad. Fir e Mëttwoch gesäit et haut dono aus, wéi wann d’Temperaturen nees op maximal 3 Grad klammen an et bei vereenzelte Reen- a Schnéireenschauere bleift.

Back to Top
CIM LOGO