Et war en ongewéinlech rouegen Nationalfeierdag. Ouni Freedefeier, zivil Zeremonie oder Militärparade. Um Kanounenhiwwel an der Stad gouf awer eng Zeremonie am klenge Krees ofgehalen. De Grand-Duc Henri, de Premier Xavier Bettel an de Chamberpresident Fernand Etgen hunn hei op déi schwiereg lescht Méint zréckgekuckt an d'Fräiheet a Solidaritéit héichgehalen.
Net an der Neier Avenue, mä um Kanounenhiwwel bei der éiweger Flam gouf d'Zeremonie fir Nationalfeierdag organiséiert. An Zäite vun der sanitärer Kris gouf virun allem un d'Personal aus dem Gesondheetssecteur geduecht.
D'Militärparad, d'Feier an der Philharmonie an den Te Deum goufen dëst Joer jo wéinst dem Covid-19 ofgesot.
De Grand-Duc Henri, de Premier Xavier Bettel an de Chamberpresident Fernand Etgen hunn an hire Riede virum nationale Monument vun der Solidaritéit drun erënnert, dass et 75 Joer hier sinn, dass den zweete Weltkrich op en Enn gaangen ass. Ma si sinn natierlech och op dee Kampf agaangen, deen an de leschte Woche gefouert gouf.
Eppes huet eis dann awer d'Kris nach gewisen, Europa misst erëm groussgeschriwwe ginn.
No ronn 40 Minutte goung dës méi speziell Zeremonie um Kanounenhiwwel fir Nationalfeierdag op en Enn.