
Ënnert anerem goufen d'Klassesäll verwüüst, Mauere mat Graffiti beschmiert a Knascht mat Feierläscher gemaach.
Der Gemeng no gouf näischt geklaut, de Materialschued géif sech awer elo schonn op méi wéi 100.000 Euro belafen.
Zënter e Samschdeg ass ee mat den Opraumaarbechten am Gaang.
D'Kanner krute provisoresch Klassesäll an der Käercher Maison Relais. Vun e Mëttwoch u solle si awer zeréck an hir gewinnte Raimlechkeete kommen.