Alkohol am SpillE puer Chauffere sinn der Police duerch hire Fuerstil opgefall

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg 3 Chauffere kontrolléiert, déi ze vill gedronk haten.
© RTL Archivbild

Een Automobilist war kuerz virun 19 Auer zu Bungeref duerch säi Fuerstil opgefall, den Alkoholtest war kuerz drop positiv an de Führerschäi fort. Kuerz no 11 Auer war e Chauffer op der N5 a Richtung Stengefort am Zickzack ënnerwee, och hei war den Test positiv an de Permis fort.

Géint 1 Auer gouf e Chauffer zu Esch kontrolléiert, well e gelungen ënnerwee war. Well hien awer manner wéi 1,2 Promill hat, krut hien e Protokoll a kee Fuerverbuet. Béid Persounen am Auto kruten allerdéngs och e Protokoll, well si géint d'Ausgangsspär verstouss haten.

Back to Top
CIM LOGO