Negativ opgefallE puer Chauffere kruten de Permis ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend an an der Nuecht op e Mëttwoch sinn der Police e puer Chaufferen opgefall, déi alleguer ze vill gedronk haten.
© RTL Archivbild

Um 21 Auer gouf en Automobilist zu Dikrech wéinst senger opfälleger Fuerweis ugehal a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv.

Um 1.15 wollt d'Police ee weidere Chauffer zu Diddeleng unhalen, deen negativ opgefall war. Deen ass trotz bloe Luuchte weidergefuer, kuerz Zäit drop dunn awer op der Säit stoe bliwwen. Och hei war den Otemtest positiv.

No Hallefnuecht hat de Chauffer vun engem Sportswon bei enger rouder Luucht an der Stad e Kavaléierstart higeluecht, nodeems et gréng gouf. Hie gouf mat Hëllef vu bloe Luuchten a Sireen gestoppt. De Mann hat gedronk.

Géint 2.30 Auer gouf nach ee weideren Automobilist an der Stad ugehal a kontrolléiert. Dësen huet direkt zouginn, datt en e Fuerverbuet hätt, ma och den Alkoholtest war positiv.

Sämtlech Chaufferen hunn hire Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO