PoliceE puer alkoholiséiert Chaufferen aus dem Verkéier gezunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend krut d'Police direkt e puer Automobiliste gemellt, déi negativ opgefall sinn an am Zickzack ënnerwee waren.
© RTL Archivbild

ënnert anerem huet d'Police misse géint 17.40 Auer zu Useldeng e Chauffer unhalen, ee weidere géint 21.45 Auer zu Nidderaanwen. A béide Fäll war den Alkoholtest positiv an d'Gefierer goufe sécher gestallt. D'Chauffere kruten ee Protokoll a waren och allen 2 hire Permis lass.

Bei enger Kontroll zu Beetebuerg géint 3 Auer hat een Automobilist net nëmmen ze vill gedronk, hien konnt de Beamten och keng valabel Pabeiere vu sengem Won weisen. Och hei gouf den Auto sécher gestallt, de Mann krut ee Protokoll an de Permis ewech geholl.

Back to Top
CIM LOGO