PoliceE puer Accidenter wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et op e puer Plazen uechtert d'Land zu Virfäll op eise Stroossen, well Chaufferen alkoholiséiert gefuer sinn.
© Police Archivbild

Kuerz no Hallefnuecht ass eng Camionnette op der A4 an Direktioun Esch gemellt ginn, déi e puer Mol soll an d'Leitplanke gerannt sinn an duerno op der Héicht Steebrécken un d'Hale komm wier, well se ze staark beschiedegt war. Op der Plaz huet dunn eng Policepatrull, de Mann, deen hannert dem Steier ageschlof war a wéi et schéngt net blesséiert gi war, virgetraff. Hie koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

En Drogeschnelltest war positiv, en Alkoholtest war net méiglech, ma et konnten eidel Béchse mat alkoholeschem Gedrénks an een Joint am Gefier sécher gestallt ginn. De Mann, deen am Spidol ëmmer méi nervös ginn ass, koum dunn an Arrest. Bei der Persounekontroll bei de franséischen Autoritéite gouf donieft nach festgestallt, dass de Mann kee valabele Permis huet. Et gouf protokolléiert.

E Sonndeg den Owend géint 23.40 Auer ass en Automobilist, deen an der Rue du Château vu Petting an Direktioun Mierscherbierg ënnerwee war, an enger Kéier riichtaus duerch en Zonk gefuer a koum eng 50 Meter méi wäit un d'Halen. De Chauffer gouf net verwonnt, säi Won war awer staark beschiedegt ginn. Bei der Kontroll koum eraus, dass de Mann fermem gedronk hat. Hie krut e provisoresche Fuerverbuet.

Um Boulevard de Kockelscheuer hat géint 22.15 Auer e Chauffer, deen vun der Cloche d'Or a Richtung Stad gefuer ass, d'Kontroll iwwert säin Auto verluer. An der Kräizung Boulevard de Kockelscheuer a Route de Bettembourg krut hie mat sengem Won déi kalifornesch Mauer ze paken a gouf dobäi liicht blesséiert. Hie koum an d'Spidol, en Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

An der Route de Colmar zu Biissen gouf géint 00.40 Auer en alkoholiséierten Automobilist gestoppt, dee wéinst senger negativer Fuerweis opgefall war. Och hei gouf de Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO