CGDISE Motorradsaccident an e puer Bränn um Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Harel a Béiwen war e Sonndeg am spéide Moien e Motocyclist gefall a gouf verwonnt. Soss goufen et virun allem Bränn.
© CGDIS

Tëscht Ierpeldeng un der Sauer an Angelduerf hu Camionnettë gebrannt.

Zu Réimech an der Route de l'Europe gouf et e Feier an der Kanalisatioun.

Zu Péiteng an der Rue Belair hat e Bam Feier gefaangen.

Zu Bouneweg an der Rue de l'Égalité gouf et e Feier an enger Garage, net wäit ewech an der Rue de Cimetière gouf et e Problem mat enger Gas-Fläsch an zu Esch an der Rue Barbourg hat Gréngs Feier gefaangen. Iwwerall blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO