Conseil Supérieur des Maladies InfectieusesE Méindeg gëtt iwwer d'Booster-Impfungen entscheet

Maxime Gillen
Den Ament kréie just Vulnerabeler, Leit iwwer 75 Joer a Leit, déi mam Johnson-Vaccin geimpft goufen, eng Invitatioun fir eng Opfrëschung.
© afp

Op d'Fro, ob jiddereen eng sougenannt Booster-Impfung soll kréien, also e Rappel vun der Covid-Impfung fir de Schutz géint e schlëmme Verlaf vun der Krankheet weider héich ze halen, liwwert de Méindeg de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses eng Äntwert.

Aktuell kréien hei am Land jo just vulnerabel Leit, Persounen iwwer 75 Joer a Leit, déi mam Johnson-Vaccin geimpft goufen, esou e Booster offréiert. Ma elo stellt sech eben d'Fro ob zum Beispill Beruffsgruppe wéi d'Gesondheetspersonal och esou eng zousätzlech Impfung soll kréien.

D'Zuele klammen Europawäit

A ganz Europa klëmmt d'Zuel vun den Neiinfektioune mam Coronavirus weider massiv. An Däitschland mellt d'Robert-Koch-Institut op 7 Deeg gekuckt de Méindeg ronn 201 Infektioune pro 100.000 Awunner. Domat läit d'7-Deeg-Inzidenz hei esou héich, wéi nach ni. Bannent 24 Stonne goufen dann och ronn 15.500 Nei-Infektioune registréiert. Dat sinn der gutt 5.800 méi wéi nach déi Woch virdrun.

Hei warnt de Verband vum Léierpersonal, dass d'Corona-Situatioun an de Schoule géif riskéieren, ausser Kontroll ze geroden. De Verbands-Chef schwätzt vun erschreckenden Inzidenze bei Kanner a Jugendlechen. D'Vertriedung vum Léierpersonal plädéiert dann och dofir, dass an de Schoule weider eng Maskeflicht gëllt, ëmmerhi géifen Etüde weisen, dass dës d'Schoule méi sécher géife maachen.

A Frankräich ginn eng ganz Rei Departementer erëm op dee Wee. Vu Méindeg u wäerten an 2 vun 3 Departementer d'Kanner erëm mat Maske mussen an d'Schoul goen. Uganks Oktober hat déi franséisch Regierung festgeluecht, dass d'Maskeflicht erëm misst agefouert ginn, wann d'Inzidenz fënnef Deeg hannertenee méi héich wéi 50 ass.

Allgemeng ass d'Corona-Situatioun déi lescht Wochen erëm méi schlecht ginn. Den Inzidenz-Taux ass geklommen, genee wéi de Reproduktiounstaux an d'Zuel vun de schwéiere Fäll, déi mussen am Spidol traitéiert ginn.

Och an Éisträich suergt déi zolidd Hausse bei den Neiinfektioune fir Kappzerbrieches. Hei läit d'7-Deeg-Inzidenz nämlech bei ronn 600.

Hei gëllen dowéinst och vun haut un nach méi streng Restriktioune fir Leit, déi net geimpft sinn oder de Virus offiziell schonn haten. Op ville Plazen, wéi am Restaurant, beim Coiffer oder op Evenementer mat méi 25 Leit, kënnt ee just nach eran, wann een entweder geimpft oder geheelt ass. En negativen Test geet hei net méi duer. Op der Aarbecht soll awer weider den 3G gëllen, esou dass och en negativen Test duergeet fir dierfe schaffen ze goen. Bis ewell sinn an Éisträich eng 65 Prozent vun der Populatioun geimpft.

Back to Top
CIM LOGO