Op MyGuichet.luE Méindeg ass d'Vollekszielung lassgaangen

Diana Hoffmann
Lynn Cruchten
Déi komplett Bevëlkerung, also ronn 634.700 Bierger, solle mat dëser erfaasst ginn, fir esou och kënnen den néidegen Developpement vum Land festzeleeën.
E Méindeg ass d'Vollekszielung lassgaangen
Déi komplett Bevëlkerung, also ronn 634.700 Bierger, solle mat dëser erfaasst ginn, fir esou och kënnen den néidegen Developpement vum Land festzeleeën.

Fir d'Vollekszielung muss all Stot e Formulaire ausfëllen. Lass geet et mam Recensement awer fir d'éischt emol um Internet.

All 10 Joer gëtt zu Lëtzebuerg eng Vollekszielung gemaach. Déi, déi de Méindeg lassgeet, ass schonns déi 37. no der Onofhängegkeet vum Land. Relativ nei ass bei dëser, datt se an enger éischter Phas just online duerchgefouert gëtt. Aus dësem Grond kréien déi ronn 280.000 Stéit iwwer Courrier en Zougangscode geschéckt, mat deem sinn op MyGuichet.lu kënnen hire Froebou ausfëllen.

Vollekszielung / Reportage Diana Hoffmann

De Statec hofft, dat op dës Manéier 30 bis 40 Prozent vun de Froebéi beäntwert ginn. Knapp dräi Wochen, bis den 28. November, ass Zäit dofir. Bei der leschter Vollekszielung 2011 gouf schonns esou een online Service ugebueden, deemools wieren awer just zwee Prozent vun de Froebéi esou ausgefëllt ginn. Déi Leit, déi awer net op d'Opfuederung reagéieren, a kee Formulaire ausfëllen, kréien da vum 22. November un e Froebou op Pabeier zougestallt. Eng 4.000 Persounen, déi vun de Gemengen designéiert goufen, këmmere sech heirëm. Dëse Froebou muss da bis spéitstens de 5. Dezember zeréckgeschéckt ginn a vum 6. Dezember u kënnen och designéiert Leit vun de Gemengen en asammele kommen. Gëtt dëst refuséiert, oder gi bewosst falsch Donnéeën uginn, ass eng Geldstrof vu bis zu 2.500 Euro virgesinn.

PDF: Statec informéiert iwwer d'Vollekszielung

Back to Top
CIM LOGO