Testlaf um LampertsbiergE Bléck hannert d'Kulisse vum éischten Impfzenter zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass prett fir mat den Impfunge géint de Coronavirus unzefänken.
Testlaf am éischten Impfzenter zu Lëtzebuerg
E Mëttwoch sinn d'Impf-Olfleef eng éischte Kéier duerchgespillt ginn. Mir kruten en exklusiven Abléck an déi éischt Testronn um Lampertsbierg.

Den Impfzenter an de Victor-Hugo-Halen um Lampertsbierg ass jo deen éischten am Land, dee soll opgoen, wann de Covid-19-Vaccin bis do ass. An de leschten zwou Woche goufen d'Infrastrukturen opgeriicht, e Mëttwoch sinn d'Impf-Olfleef eng éischte Kéier duerchgespillt ginn.

Mir kruten en exklusiven Abléck an déi éischt Testronn.

80 Leit vun der Arméi, der Douane an dem CGDIS sinn e Mëttwoch de Mëtteg um 13 Auer an d'Victor-Hugo-Hal komm, fir ze hëllefen, de spéidere Covid-19-Impfzenario esou realitéitstrei wéi méiglech duerchzespillen. Nom Accueil, wou den Impf-Rendez-vous iwwerpréift gëtt, geet et an den Enregistrement.

Duerno ginn d'Leit an d'Hal an eng vu 16 Impf-Filièrë geschéckt an d'Entrevue mat engem Dokter, deen d'Identitéit vum Patient iwwerpréift a sécherstellt, datt keng Indikatioune géint eng Impfung virleien.

Gëtt et hei gréng Luucht, geet et bei d'Infirmière, respektiv Infirmier fir d'Impfung.

Bei Bedarf kann de Patient sech duerno an enger Raschtzon e bëssen ausrouen.

Fir déi ganz Ofleef am Impfzenter ze assuréieren, gi 55 Persoune gebraucht. Mat am Asaz ass de CGDIS, d'Gemeng Lëtzebuerg, d'Douane an d'Arméi. D'Dokteren an d'Krankefleeger sinn aus der Réserve sanitaire.

Wéi laang a wéi vill Deeg den Impfzenter wäert op hunn, ass nach net decidéiert. Dat hänkt och vun der Quantitéit u Vaccinen of, déi Lëtzebuerg geliwwert kritt. Wéi vill Dosen et an enger éischter Phas ginn, ass nach net gewosst. Grad esou wéineg, wéini mat éischte Liwwerungen ze rechnen ass. D'Europäesch Medikamentenagence wëll jo e Méindeg iwwer d'Zouloossung entscheeden.

Fest steet awer elo schonn, datt den éischten Impfzenter hei am Land net viru Mëtt Januar opgoe wäert. Déi éischt Invitatioune kënne réischt erausgeschéckt ginn, wann de Vaccin bis do ass. Duerno muss een zwou Woche rechnen, bis d'Impfcampagne am Zenter ufänkt.

Sollten éischt Liwwerunge vum Impfstoff elo nach virun Enn dës Mounts kommen, ass et net ausgeschloss, datt d'Impfcampagne mat de mobillen Ekippen an den Alters- a Fleegeheemer ufänkt. Spidolspersonal wäert warscheinlech an de Klinicke geimpft ginn.

Datt dëst Joer nach Leit an der EU geimpft ginn, ass net onméiglech, och wann d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert sech net op en Dag wëll festleeën.

Back to Top
CIM LOGO