OGBL-NationalcomitéD'Zäite sinn eescht, sou de Constat vum Nora Back

RTL Lëtzebuerg
Dat war ee Constat vun der OGBL-Presidentin e puer Stonnen nëmmen no enger Reunioun vum Nationalcomité vum Onofhängege Gewerkschaftsbond.
OGBL-Nationalcomité
D'Zäite sinn eescht, sou de Constat vum Nora Back

An enger ganz spezieller Situatioun wär et den Dënschdeg Moien zur Reunioun vum OGBL-Nationalcomité komm: D'Nora Back sot dat en Dënschdeg am Nomëtten zu Esch virun der Press. Opgrond vun där, wéi si sot, "aussergewéinlecher Aktualitéit op allen Terrainen" hätt den Onofhängege Gewerkschaftsbond vill Aarbecht viru sech.

OGBL-Nationalcomité/Reportage Eric Ewald

An eenzele Secteure wär d'Lag grave, huet d'Gewerkschaftspresidentin erkläert, an d'Ongläichheeten hätte sech verschäerft.

Vun der Corona-Kris wären déi ënnescht Schichte vun der Gesellschaft am meeschte betraff, sou d'Nora Back. Dobäi wär ëmmer nees gesot ginn, dass aus där sanitärer Kris keng ekonomesch a keng sozial dierft ginn:

"Mir sinn elo matzen dran. Déi ekonomesch Kris fänkt un, sech wierklech an hiren Ausmoossen ze weisen. Mir gesinn an deenen eenzele Secteuren, wat d'Konsequenze sinn. Déi sozial Kris gëllt et, elo ze verhënneren, mat hire schlëmmste Konsequenzen, déi se kann hunn."

Als Prioritéite fir déi no Zukunft huet den OGBL 5 Sujeten ausgemaach: d'Aarbecht, d'Kafkraaft, d'Wunnen, d'Steiergerechtegkeet an déi sozial Sécherheet. Dozou gëtt et och eng Campagne mam Numm "Eise Wee aus der Kris".

Wat zum Beispill de Volet Aarbecht ugeet, ass et d'Fuerderung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, dass an der Kris kee seng Plaz dierft verléieren.

"Mir mussen dofir suergen, dass keng Existenzen op d'Spill gesat ginn, berufflech, dass d'Leit hir Aarbechtsplazen erhalen an dass keen zousätzlech an de Chômage rutscht."

An deem Sënn wäre Reforme vum Aarbechtsrecht néideg, iwwert déi am "Comité permanent du travail et de l'emploi" misst diskutéiert ginn.

D'Wunnen da gouf vun der Gewerkschaftspresidentin als "gréisste Kafkraaftfrësser" betitelt.

"Den OGBL huet den Noutstand Wunnen am Ufank 2019 schonn ausgeruff, wou mer gesot hunn: Mir als OGBL beschäftegen eis elo mat der Matière, a mir wäerten do och net labber loossen."

Och well d'Regierung op dësem Gebitt ëmmer erëm just eidel Versprieche gemaach hätt, ass den 10. Oktober, spréch e Samschden 8 Deeg, an der Stad eng grouss Manifestatioun fir d'Recht op Wunnen.

Donieft gouf sech en Dënschdeg beim Onofhängege Gewerkschaftsbond mat de schwierege Situatiounen an der Aviatioun, der Stol- an dem Rescht vun der Industrie, der Technologie, de Medien an der Post befaasst. Dat wär alles vill ze vill an d'Zäite wären eescht, huet d'Nora Back um Enn bedauert.

Back to Top
CIM LOGO