D'Zukunft wär fir déi meescht Secteure ganz ongewëss. Verschiddener géife wuel nach laang un dëser Wirtschaftskris no der Pandemie knaen. Well déi séier Relance, wéi se am Fréijoer prognostizéiert gouf, wéinst der zweeter Well an den neie sanitäre Mesurë wuel net kënnt. Dee Constat huet d'Chambre de Commerce op hirer traditioneller Pressekonferenz iwwer d'Konjunktur gemaach.
Dem Statec no geet d'Bruttoinlandprodukt dëst Joer am gudden Zenario wuel awer ëm -3,5 Prozent erof. 2021 gëtt de PIB mat engem Plus vu 4 Prozent och net wierklech däitlech relancéiert. Nawell hätt d'Lëtzebuerger Ekonomie sech den Ëmstänn no gutt geschloen, betount den Direkter vun der Chambre de Commerce. Wärend Secteuren ewéi den Horesca an den Evenementiel enorm leiden, wäert de Finanzsecteur éischter gutt ofschléissen. Mä och d'Banken an d'Assurancë kéinte geschwë Problemer kréien, esou de Carlo Thelen. D'Banke géifen ufänke vill Suen op d'Säit ze leeën, aus Angscht virun Ausfäll. Dat wär esou an enger Kris, seet Carlo Thelen:
"Wat déi méi laang dauert, wat d'Kreditwierdegkeet vu verschiddene Betriber ebe warscheinlech ofhëlt. D'Banke mussen dat ganz genee kucke vu Fall zu Fall. Fir si ass et kloer: wat déi Kris hei méi laang dauert, wat méi Betriber et net wäerte packen. Dofir schwätze mir vun engem dephaséierten Effekt. Een Decalage, wat d'Banken ubelaangt, dat heescht mir wëssen, dass d'Banke souwisou scho mat méi Käschten, enger neier internationaler Konkurrenz an neie Regulatiounen, ze kämpfen hunn. An elo kënnt déi Baisse beim Revenu fir 2021 nach dobäi, sou dass eise Bankesecteur deen 2020 resilient war, awer och riskéiert d'nächst Joer net méi esou gutt do ze stoen."
Déi sozio-ekonomesch Situatioun wär ganz volatil an et wär schwéier Previsiounen ze maachen, huet den Direkter vun der Handelskummer Carlo Thelen bedauert. Déi grouss Hoffnung fir de Commerce wär de Vaccin. Domat kéint déi wirtschaftlech Aktivitéit nees lues a lues normal funktionéieren. Virop d'Secteuren Tourismus, Evenementiel an Horesca si besonnesch haart vun der Kris getraff. An hir Suerge kéinte sech nach e puer Joren zéien. Dofir fuerdert d'Chambre de Commerce, dass déi staatlech Hëllefe bäibehalen, wann net erweidert ginn, an dass den administrativen Opwand fir dës Hëllefen ze froen esou kleng ewéi méiglech ass. D'Aiden un d'Besoine vun den Entreprisen adaptéieren, keng zousätzlech Käschte schafen, den Emploi sécheren, d'Kompetitivitéit fërderen, an Investissementer fir eng Relance virgesinn. Dat sinn déi politesch Aktiounen, déi d'Chambre de Commerce an dësem volatille Kontext vun der Regierung erwaart.