Invité vun der Redaktioun (23. Juli) - Mars Di BartolomeoD'Verfassungsrevisioun steet virun der Dier

Pit Everling
E Freideg de Moie war de President vun der Institutiounekommissioun eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi 4 Kapitele vun der geplangter Verfassungsrevisioun sinn ofgeschloss. Um Freideg de Mëtteg gëtt an der parlamentarescher Institutiounekommissioun dat lescht Kapitel ënnert d'Lupp geholl, do geet et ëm d'Chamber an de Staatsrot. Dat sot e Freideg de Moien de President vun där Kommissioun, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Hie war den Invité vun der Redaktioun.

D'Chamber géif an der neier Verfassung gestäerkt, huet den LSAP-Politiker betount. D'Méiglechkeet fir eng Enquêtëkommissiounen ze maache géif méi einfach ginn. Dat éischt Kapitel soll am Hierscht fir en éischte Vott an de Plenum kommen.

Et géif een an der Kommissioun och d'Informatiounscampagne fir de breede Public preparéieren. Datt et kee Referendum gëtt, léich ënner anerem dorunner, datt et keng Gesamt-Reform mä eng Revisioun wier, an d'Organisatioun vun engem Referendum wier wéinst deene verschiddene Kapitele net evident.

E Freideg de Moie war de President vun der Institutiounekommissioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO