E Projet, deen de Gemengesyndikat Syvicol begréisst, ma et bräicht manner Paperassen a méi Flexibilitéit, esou d'Fuerderung.
D'Coronapandemie huet och d'Hochzäitszeremonie beaflosst. Wéinst den Distanzreegelen hunn d'Gemengen dacks missen op aner Plazen auswäichen. Elo soll déi Méiglechkeet an engem neie Gesetzesprojet permanent fixéiert ginn. Ma awer kann een net grad op all Plaz "Jo" soen, erkläre den Emile Eicher, President vum Syvicol. Et waren eenzel Leit, déi och gefrot hunn, ob een net och e flotte Lieu Privé wéi zum Beispill e Schlass auswiele kéint. Do hu mir awer "Nee" gesot, well mer soss net wëssen, wou ma do d'Limite setze sollen. Et muss jo awer e Lieu digne sinn, et ass jo awer en acte.
D'Gemenge géifen also eng Rëtsch neutral Plaze proposéieren, aus deenen d'Koppele wiele kënnen. Hei ginn et fir den Emile Eicher awer nach Froe. Wat ass zum Beispill mat enger désacraliséierter Kierch, déi der Gemeng gehéiert? Dierf en déi Lokalitéit benotzen?
Méi Flexibilitéit bräicht een och an der Administratioun. Bis ewell muss de Buergermeeschter déi zivil Mariagen ofschléissen. Dat kann awer Problemer mat sech bréngen, erkläert d'Elisabeth Becker, Juristin beim Syvicol: Do ass dann e Gemengebeamten involvéiert, dee muss dann de Schäffen dem ordre no uruffen, wann de Buergermeeschter verhënnert ass. Do ass dann eng ganz administrativ Aarbecht derhannert. Dat ass fir méi grouss Gemenge scho schwiereg
Am neie Gesetzesprojet ass zwar virgesinn, dass am Eenzelfall déi Charge kann delegéiert ginn. De Syvicol proposéiert awer ënner anerem, am Viraus festzeleeën, wéie Schäffe och nach Mariage ofschléisse kann. Sou wier net méi just de Buergermeeschter responsabel. De Gesetzesprojet soll fir den 1. Januar gestëmmt ginn.