Zënter dem LockdownD'Stëmm vun der Strooss huet missen ëmdenken

RTL Lëtzebuerg
En Dag iwwert dem Kapp an en waarmt Iessen. Fir vill Leit selbstverständlech, awer net fir jiddereen.
Stëmm vun der Strooss
En Dag iwwert dem Kapp an en waarmt Iessen. Fir vill Leit selbstverständlech, awer net fir jiddereen.

D’Stëmm vun der Strooss ass eng vun deenen Organisatiounen, déi Iessen u Leit mat Besoin verdeelen. D’Corona-Kris huet och hei vill Ännerunge mat sech bruecht.

Zanter dem Lockdown konnt d'Stëmm vun der Strooss keng Leit méi fir ze iessen an hiert Haus loossen. Et gouf ëmgeduecht. D'Iesse gouf virun der Dier verdeelt. Lues an Lues goufen an der Stad erëm Leit dobannen empfaangen. Zu Esch war dat awer net méiglech.

D'Alexandra Oxacelay vun der Stëmm vun der Strooss:

“Hei war et einfach ze kleng. Mir konnten d’Leit einfach net eraloossen. Mir konnten zwar hei fir si kachen, mir konnten och ausdeelen, mee mat dem Wieder dobaussen fir d’Leit virun der Dier ze loossen. Normalerweis kommen d’Leit jo net nëmmen fir ze iessen, mee och fir e bëssen ze raschten, fir Kontakter ze hunn mat aner Leit, fir net eleng ze sinn. Well mir hu jo vill isoléiert Leit, déi kommen. Dat war einfach mat dem Wanter, deen elo virun der Dier steet net drobar. “ 

Als Iwwergangsléisung déngt d’Pouerhaus zu Esch. Do kënnen 30 Leit mateneen iessen.  An engem Zäitraum vun 3 Stonnen kommen am Ganze ronn 90 Leit den Dag dohinner. Gekacht ginn awer ëmmer tëscht 110 an 150 Portiounen den Dag fir de Leit heiansdo kënnen en Teller méi mat ze ginn.

Ee Client bei Stëmm vun der Strooss:

“Du kanns op enger roueger Plaz sëtzen a roueg iessen. Et ass alles normal. Soulaang et esou geet, ass et wierklech gutt." 

D'Stëmm vun der Strooss hätt awer gemierkt, dass Clientèle sech wärend der Corona-Kris verännert hätt. Zu Esch wieren vill Leit déi lescht Méint net méi komm.

D'Alexandra Oxacelay vun der Stëmm vun der Strooss:

“Do wëssen mer dann, déi Leit komme wierklech fir sech ze setzen, fir a Rou ze sinn a fir ze braddelen an déi kommen elo rëm an d'Pouerhaus. An der Stad do hu mir eng grouss Ännerung gesinn, do kommen elo Leit vu baussen, déi mir ni gesinn hunn, déi ni bei eis komm sinn. Déi hunn dann eng Barquette geholl, well si gesinn hunn, do gëtt et eppes fir näischt. An déi schwaach Leit, fir déi mir gegrënnt gi sinn, déi sinn net méi komm, well et waren hinnen einfach ze vill Leit.” 

Et géif een nach ëmmer no neie Raimlechkeete sichen, fir jidderengem e “kuerzt Doheem” ze bidden. Zemools an der aktueller Situatioun, wou vill Leit a Schwieregkeete geroden sinn.

Back to Top
CIM LOGO