DPD'Steierreform ass eng vun de Prioritéite fir déi nächst Méint, wann net Joren

Carine Lemmer
"Et ass sécher den Ament méi eng mouvementéiert parlamentaresch Rentrée", huet en Donneschdeg de Moien den DP-Fraktiounschef Eugène Berger gemengt.
Parlamentaresch Rentrée vun der DP
D'Steierreform ass eng vun de Prioritéite fir déi nächst Méint, wann net Joren

Nächsten Dënschdeg fänkt déi nei Chambersessioun offiziell un an d'Demokratesch Partei huet en Donneschdeg de Moien hir Prioritéite virgestallt.

D'Ëmsetze vum gemeinsame Koalitiounsprogramm huet fir d'DP Prioritéit. Déi blo Fraktioun géif op „zolitte“ Féiss stoen a mat „roueger Hand“ a mat „grousser Determinatioun“ um Regierungsprogramm weider schaffen.

D'Steierreform ass eng vun de Prioritéite fir déi nächst Méint, wann net Joren. D'Uspréch sinn héich, gëtt den Eugène Berger zou, deen – trei dem DP-Mantra no - méi gerecht a méi modern Steieren versprécht.

"Mir wëllen och an Zukunft d'Bierger an d'Entreprisen iwwer Steierentlaaschtungen um Succès vun eisem Land bedeelegen. Eigentlech, wann et dem Land gutt geet, soe mer, da soll et och de Leit dobaussen am Land gutt goen. "
Wann et dem Land gutt geet, soll et de Leit jo och gutt goen, gëtt d'DP net midd ze betounen. De Leit soll et gutt goen a si solle vun enger Steier-Individualiséierung profitéieren, wou et egal ass, ob ee bestuet ass oder zum Beispill eleng lieft, just d'Kanner am Stot maachen en Ënnerscheed. D'Awunner an d'Betriber solle vun enger Steierreform profitéieren, sou den Eugène Berger.

Eugène Berger DP

Kee soll eppes verléieren, huet et en Donneschdeg de Moien op en Neits geheescht. Besonnesch bestuete Koppelen net. Wéi dat soll goen, do gëtt et nach keng Äntwert. D'Aarbechtsgruppe wieren den Ament nach am gaangen drun ze schaffen.

D'nächst Joer ass awer mat méi konkrete Pisten zu der Steierreform ze rechnen, sou den Eugène Berger.

Gréng soll déi Reform och ginn, d'Klimapolitik ass och eng Prioritéit. Den Télétravail muss gefërdert ginn, sou d'DP. Sou spuert een Zäit an CO2.

Den Dateschutz, Stéchwuert sougenannte geheime Casier, ass och en Thema fir dat nächst Joer. Et wär eng Matière, wou een net soll mam Fanger een op deen anere weisen, dat géif een net weider bréngen. Den DP-Fraktiounschef huet dowéinst och un d'Oppositioun an der Chamber appelléiert.

"Kommt mir schaffen zesummen, fir Solutiounen ze fannen, fir eventuell déi bestoend Gesetzer, falls noutwendeg, dann och nozebesseren."

Bei der DP-Fraktioun dierft et an den nächste Méint jo och zu engem Deputéierte-Wiessel kommen. D'Joëlle Elvinger soll dem Henri Grethen seng Plaz um Europäesche Rechnungshaff iwwerhuelen, de Claude Lamberty géif dann an d'Chamber noréckelen.

Back to Top
CIM LOGO