ChamberkommissiounenD'Staatskonte wieren am Equiliber, heescht et aus dem Finanzministère

RTL Lëtzebuerg
De Minister Pierre Gramegna huet um Méindeg an den zoustännege Chamberkommissiounen de Compte général vun zejoert presentéiert.
Pierre Gramegna
Pierre Gramegna

Dësen erlaabt et, de Budget mat der effektiver Budgets-Exekutioun ze vergläichen. Um Enn steet en Defizit vu ronn 25 Milliounen Euro, eigentlech war en Defizit vu 966 Millioune virausgesot ginn.

Dës Amelioratioun wier virun allem duerch Plus-Valuë bei de Recetten ze erklären, heescht et an engem Schreiwes vum Ministère.

Back to Top
CIM LOGO