
Op Nofro vun RTL hin hat den Aquatic Relaxation Center, also d'Badeanstalt an der Haaptstad seng Diere jo missten zoumaachen. Grond war, dass d'Badeanstalt kee Frëschwaasser méi kritt huet.
Dës Pann war op eng gréisser Waasserfuite an der Stad zeréckzeféieren. Wéi et vun de Responsabelen heescht, ass de Problem awer mëttlerweil nees geléist an d'Schwämm kritt nees Frëschwaasser.
