Klierf/DikrechDrogendealer no Ermëttlunge vun der Police gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
De 14. Dezember ass der Police vun Dikrech (SPDJ –Stupéfiants Nord-), ënnert der Leedung vun der zoustänneger Untersuchungsriichterin, dëse Coup gelongen.
© RTL Archiv

De 15. Dezember, also een Dag méi spéit, koum d'Persoun wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz, respektiv wéinst Handel mat Drogen um Gebitt vum Kanton Klierf, virun d'Untersuchungsriichterin vun Dikrech.

No enger Rei Perquisitioune goufen ënnert anerem 481 Gramm Marihuana, e wéineg Haschisch, 16 Gramm Kokain a 4.240 Euro Boergeld saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO