
De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat en Donneschdeg de Moie Rendezvous beim Untersuchungsriichter. 3 aner Persoune goufe wéinst Verstouss géint d'Betäubungsmëttelgesetz protokolléiert.
Eng weider Kéier huet d'Police e Mëttwoch kuerz virun 12 Auer zu Recke missen agräifen. Hei gouf en Abroch an en Eefamilljenhaus gemellt. Den Abriecher gouf kuerz drop mat de geklaute Géigestänn vun der Police ermëttelt. Eng Partie vun den Objete goufen am Laf vum Moien zu Leideleng aus enger anerer Wunneng matgoe gelooss. Op Uerder vum Parquet gouf den Onéierleche festgeholl a misst sech en Donneschdeg de Moie virum Untersuchungsriichter veräntwerten.