Laboratoires RéunisDrive-In-Statiounen zou, Tester awer a Prisen-Zentere méiglech

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg u sinn déi dräi Drive-In-Statioune vun de Laboratoires Réunis zu Jonglënster, Käerjeng a Maarnech zou.
Den Drive in zu Jonglënster
Den Drive in zu Jonglënster
© RTL Mobile Reporter (Archiv)

D'Patiente kënnen awer hir Covid-19-Tester, Ofstréch oder Serologie, an engem vun de Prisen-Zentere maachen. Och do, präziséiert Laboratoires Réunis, mussen d'Corona-Mesuren, wéi den Ofstand an d'Maskeflicht, respektéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO