Am Schreiwes vum Sidere heescht et, dass d'Drénkwaasser eventuell verknascht ass.
Betraff sinn dës Gemengen:
- Betzder: Banzelt, Betzder, Bierg, Mensder a Rued-Sir
- Biwer: Biwer, Bruch, Buddeler, Buddelerbaach a Wecker
- Fluessweiler: Beyren, Buchholz, Fluessweiler, Gouschteng, Nidderdonwen an Uewerdonwen
- Gréiwemaacher: Potaschbierg a Gréiwemaacher
- Manternach: Berbuerg, Lelleg, Manternach a Mënjecker
- Mäertert: nëmmen d'Firma Technofibre an d'Aire de Wasserbillig
- Rouspert-Mompech: Giwenech, Hierber, Méischdref a Mompech
- Wuermer: Ohn, Éinen, Kapenaker, Meechtem, Wuermer a Wuermer Bierg
D'Leit an de betraffe Gemenge solle kee Krunnewaasser drénken an och Uebst a Geméis, dat réi giess gëtt, net domat wäschen.
Den technesche Service an déi staatlech Autoritéite schaffen zesummen drun, fir de Problem ze behiewen.
PDF: Schreiwes vum Sidere