
Et misst ee feststellen, datt d'EU de Vaccin géint d'Infraktioune vun de Mënscherechter nach net fonnt hunn, esou de Gilbert Pregno, President vun der CCDH, der Lëtzebuerger Mënscherechtskommissioun. D'EU misst d'Heemescht si vun de Mënscherechter a sech an den Déngscht vun der Rechter vun der Allgemengheet setzen.
Kritik gouf et Richtung EU fir den Ëmgang mat Länner ewéi Polen an Ungarn: „D'Justiz ass net méi onofhängeg, d'Fräiheet vun der Press gëtt net respektéiert, d'Rechter vun de Frae ginn op eng skandaléis Manéier regresséiert. D'LGBTQI+ Communautéit verléiert all hier Rechter.“
D'Lescht vun de Verstéiss, déi géint déi europäescher Wäerter ginn, ass laang, esou de Gilbert Pregno. Hei erhofft ee sech virun allem eng séier an adequat Reaktioun op déi sozial Problematiken am Oste vum europäesche Kontinent. D'EU wier net nëmmen en Espace fir d'Ekonomie.
Och de Mënschenhandel, dee säi Wee längst op Lëtzebuerg fonnt huet, géif weider Suerge maachen. D'Situatioun zu Lëtzebuerg wier oniwwersiichtlech: „Mir kréie keng uerdentlech Statistiken. Dat ass erstaunlech, awer leider Realitéit. Da fanne mer och, datt d'Police an déi Servicer, déi sech ëm d'Affer vu Mënschenhandel këmmeren, datt déi net genuch Mëttelen hunn.“
Et wier ee sech iwwerdeems eens mat vill anere Lëtzebuerger ONGen, datt och am Grand-Duché e Gesetz gebrauch gëtt, fir d'Kontroll vun de Mënscherechter bei Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Ze dacks géifen et an de Liwwerketten zu Verstéiss kommen, respektiv onethesche Praktiken: „D'Regierung soll sech e bësse méi engagéieren. Si sinn den Ament ganz op der Säit vun den Entreprisen an d'Mënscherechtler wierke grad e bëssen ewéi Weesekanner an dëser Geschicht. A sou wei dat den Ament leeft, nennen ech e gebremste Fortschrëtt. Et gëtt ëmmer gesot, datt eppes gemaach gëtt, awer esou richteg gemaach, gëtt dann awer näischt.“
Et géif een de Wëlle vun der Regierung, fir e Sëtz am UNO-Conseil vun der Mënscherechter ze kandidéieren, ënnerstëtzen, awer net ofhängeg vun der Ëmsetzung vun esou engem Gesetz maachen, esou de CCDH.
Et fuerdert een d'Regierung iwwerdeems op, eng systematesch extern Kontroll vu private Strukturen, fir zum Beispill Leit mat enger Behënnerung, en Place ze setzen. D'Kompetenz vum Ombudsman soll erweidert ginn an iwwert déi ëffentlech Instanzen eraus kënnen intervenéieren. Et wier en Usporn néideg, fir d'Mënscherechter konstant och an esou Institutioune kënnen ze garantéieren, ouni awer Police ze spillen, esou nach d'Mënscherechtskommissioun en Donneschdeg de Muere virun der Press. D’CCDH feiert dëst Joer schonn hiren 20. Anniversaire.