
E Mëttwoch hat de Generalsekretär vun der Horesca de François Koepp nach dës Fuerderung am Kader vun der Reouverture vun de Restauranten a Caféë gestallt. D'TVA um alkoholesche Gedrénks sollt nees fir de ganze Secteur, fir eng bestëmmten Zäit, vu 17 op 3% erofgoen. Genee wéi an eisen Nopeschlänner an dat mat der Viraussetzung, datt d'Restaurateuren, d'Cafetieren an d'Hotelieren hir Präisser bäibehale géifen.
Dat gouf deemno net vun der Regierung zeréckbehalen.
Bei eisen däitschen Noperen huet de Bundestag elo enger Baisse vun der TVA um Iessen zougestëmmt. Vum 1. Juli u soll d'TVA vun 19% op 7% erofgoen, dat limitéiert op 1 Joer. Esou soll et de Leit an der Gastronomie erméiglecht ginn, hir Perten nees e wéineg opzefänken. Op Gedrénks soll et keng Reduktioun vun der TVA ginn.
RTL-NEWS: Éischte Patt a Maufel op den Terrassen