CovidCheck op der AarbechtD'Regierung bleift bei hirer Positioun

RTL Lëtzebuerg
De CovidCheck op der Aarbecht gëtt wéi geplangt um 1. November un eng Méiglechkeet fir Betriber. D'Regierung réckt deemno net vun hirer Positioun of.

Ënner anerem dat ass am Regierungsrot um Freideg festgehale ginn. Beim Rendezvous gouf och iwwert den Ultimatum geschwat, deen d'Gewerkschaften der Dräier-Koalitioun a punkto CovidCheck gesat hunn. Déi geplangte Mesurë wiere wichteg fir d'Verbreedung vum Virus anzedämmen an den Impftaux erop ze kréien, heescht et an engem Communiqué vun der Regierung.

Et géing een d'Situatioun am A behalen a wann dës et géing erlaben, da géingen d'Mesuren nees méi labber gemaach ginn.

Ausserdeem gouf festgehalen, datt Lëtzebuerg och elo Impf-Certificaten aus Groussbritannien an aus den USA acceptéiert.

D'Nomenclature vu medezinesche Leeschtunge gouf adaptéiert. En neien Acte ass deen, datt Doktere bestëmmte Leit doheem kënne géint de Covid impfen.

Da gouf et am Conseil och de Feu Vert fir déi national Klimastrategie, mat där Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral soll sinn. Hei sinn déifgräifend Changementer vun der Ekonomie an an der Gesellschaft uviséiert.

Doriwwer eraus gouf Konventioun tëscht dem Staat, der CLT-Ufa an der RTL-Group ofgeseent. Do geet ëm d'Prestatioun vun enger Misson de service public. E speziellt Finanzéierungsgesetz soll nokommen.

PDF: Communiqué Conseil du Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO