Accident an der DikrecherstroossVéier Persounen no Frontalkollisioun zu Steeën blesséiert, dovunner eng liewensgeféierlech

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndegowend op der Dikrecherstrooss zu Steeën zu enger Frontalkollisioun tëscht zwee Gefierer.

Uergen Accident tëscht zwee Gefierer op der N14, op der Streck tëscht Steeën an Dikrech. Vum Pressebüro krute mir op Nofro gesot, an engem vun de Gefierer wieren dräi Persounen dra gewiescht, vun deenen alleguer verwonnt goufen, dovunner zwou liicht an eng liewensgeféierlech. Bei der liewensgeféierlech blesséierter Persoun soll et sech ëm d'Fuererin gehandelt hunn. D'Persoun, déi eleng am anere Gefier souz, soll keng gréisser Blessuren dovu gedroen hunn.

Op Uerder vum Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire eng Enquête lancéiert.

D'Streck tëscht Steeën an Dikrech, wéi och tëscht Folkendang an Dikrech ass den Ament fir den Trafic gespaart. Eng Deviatioun gouf en place gesat.

Op der Plaz waren zwou Ambulanzen aus der Nordstad, zwou aus der Fiels, den Ettelbrécker SAMU grad ewéi Pompjeeën Ärenzdall a Fiels.

Nach zwee Blesséierter

De CGDIS mellt dann ee Blesséierten e Sonndeg den Owend kuerz no 18 Auer, wéi en Auto tëscht Houfelt an dem Antoniushaff Fielsen ze pake krut. Eng Ambulanz vun Ëlwen an d'Pompjeeë vu Wëntger waren am Asaz.

Zu Colmer-Bierg gouf et kuerz viru 17 Auer eng Dampentwécklung an enger Garage. Och do ass eng Persoun blesséiert ginn. D'Pompjeeë vu Colmar-Bierg/Schieren, aus der Nordstad a vu Biissen waren op den Asaz geruff ginn, fir ze läschen. Och d'Ambulanzen Nordstad a Miersch waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO