CGDISDräi Bränn an een Accident um Sonndeg, 1 Accident um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 um Méindeg de Moie mellt, hat et um Sonndeg am Nomëtteg, bzw am Owend 3 mol uechter d'Land gebrannt. 2 Blesséierter gouf et bei 2 Accidenter.

Zu Bartreng an der Lonkescherstrooss hat et e Sonndeg den Owend kuerz no 22 Auer an engem Appartement gebrannt. Wéi et heescht, wier kengem eppes geschitt. Op der Plaz waren awer zwou Ambulanzen, souwéi d'Pompjeeën vu Bartreng-Stroossen, aus der Stad a vu Mamer.

Am spéiden Nomëtteg e Sonndeg gouf et och ee Feier an enger Schoul zu Hiefenech. Déi lokal Pompjeeë waren op der Plaz. Et ass kengem eppes geschitt.

Kuerz no Mëtternuecht stoung tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen en Auto a Flamen. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Fluessweiler. Et blouf beim Materialschued.

Ee Blesséierte gouf et an engem Accident géint 19.50 Auer zu Esch an der Rue Joseph Kieffer. Zwee Ween hate sech hei ze pake krut.

En Accident mat engem Blesséierte gouf et um Méindeg de Moie kuerz virun 9 Auer. Tëscht Nidderfeelen a Waarken war een Auto bäigaangen. D'Ambulanz vun Dikrech war op der Plaz, grad ewéi den Asazzenter vu Feelen.

Back to Top
CIM LOGO