CGDIS-BulletinDräi Blesséierter e Mëttwochowend, ee weideren en Donneschdegmoien

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochowend respektiv en Donneschdegmoie waren d'Ekippe vum CGDIS véier Mol wéinst Accidenter op der Strooss am Asaz.
An der Millebaach, um CR102, zu Schrondweiler an op der RN08 si Leit blesséiert ginn.
© Chris Meisch

Géint 18:30 Auer sinn an der Millebaach zwee Autoen aneneegerannt. D'Stater Pompjeeën an Ambulancieren hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Um 22:12 Auer gouf dann eng Persoun bei engem Autosaccident um CR102 tëscht Schëndels a Keespelt blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanciere vu Miersch waren hei am Asaz.

Ronn eng hallef Stonn drop ass dann e Motocyclist zu Schrondweiler an der Rue Principale gefall. Hie gouf vun den Ambulancieren aus der Fiels versuergt. Och d'Pompjeeë vun Noumer waren op der Plaz.

Géint7:45 en Donneschdegmoien gouf dann eng Persoun blesséiert, wei en Auto op der RN08 tëscht der Gäichel an Habscht accidentéiert ass. D'Secouriste vun Habscht a Réiden waren op der Plat.

Back to Top
CIM LOGO