
Géint 17:15 Auer gouf den Noutdokter vum Samu op Mäerl an d'Route de Longwy geruff. Hei huet en Auto e Motocyclist ze pake kritt. Nieft dem Samu waren hei och d'Stater Pompjeeën an Ambulancieren op der Plaz.
Ronn 40 Minutte méi spéit gouf et dann ee Blesséierten, wéi sech zu Mäertert an der Rue du Parc zwee Vëlosfuerer ze pake kruten. Och hei war, nieft de Pompjeeë vu Mäertert an d'Secouriste vu Jonglënster, de Stater Samu am Asaz.
E weideren Accident tëscht engem Auto an engem Moto gouf et da géint 21:50 Auer zu Rëmeleng an der Rue du Cimetière. Den Noutdokter vum Samu vun Esch an d'Ambulanciere vu Keel hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert. Donieft waren d'Rëmelenger Pompjeeën am Asaz.