Wann e Sonndeg géif gewielt ginn, dann hätt d'ADR mat 12,8 Prozent an 8 Sëtz hiert beschte Walresultat bis ewell. "Lëtzebuerg ass keng Insel. Déi ganz Tendenzen, déi mir am Ausland kënne beobachten, déi maachen net Halt virun eise Grenzen." Dat sot de Gérard Schockmel e Mëttwoch de Moien. Den DP-Deputéierte war eisen Invité vun der Redaktioun. Déi etabléiert Parteie wieren deels och mat Schold dorunner. Wat eng DP do dann eventuell kéint besser maachen, dozou wollt sech den Invité net äusseren. Dat wier en Theema fir eng aner Emissioun.
Santéspolitik war mam Dokter natierlech och e Sujet. Déi aktuell Situatioun wier net zefriddestellend, sou de Gérard Schockmel. D'schwaarz-blo Regierung wéilt de Virage ambulatoire promouvéieren, fir dass Doktere besser onofhängeg vun de Spideeler kënne funktionéieren. Deementspriechend Texter wieren och ënnerwee. Dat wier och gutt, well Behandlungen, déi net onbedéngt e Spidol erfuerderen, sollen och baussent de Spideeler an onofhängeg vun hinne méiglech sinn. Duerch d'Gesetz iwwer Spidolsantenne vun 2023 wier awer e gewëssenen Desequiliber entstanen. D'Spideeler wiere bevirdeelegt ginn géintiwwer den Dokteren. "Doduerch ass natierlech e Wettbewerbsvirdeel elo dräi Joer laang entstanen, fir d'Spideeler, déi dann och Privatinitiativen eigentlech iwwerholl hunn, wat jo net den Zweck vun der ganzer Saach ass."
D'AMMD huet hir Konventioun mat der Gesondheetskeess gekënnegt a wëll keng nei ënnerschreiwen, soulaang de gesetzleche Kader net reforméiert gëtt. D'AMMD hätt vun Ufank u kloer gemaach, datt hir Fuerderunge gesetzlech Ännerunge géife viraussetzen. Weder d'CNS nach d'Regierung wiere bereet gewiescht, dorop anzegoen. Elo misst d'Regierung bis den 31. Oktober Bestëmmungen aus der Konventioun iwwer e groussherzoglecht Reglement iwwerhuelen. Duerno missten awer och Upassungen um Code de la sécurité sociale gemaach ginn. Doranner gesäit den DP-Deputéierten eng Chance, fir op d'AMMD duerzegoen a méi déifgräifend Reformen unzegoen. Hien erwaart sech dobäi méi Entgéintkomme vun der Regierung a gesäit esou Reformen och am Sënn vum Koalitiounsaccord.
Och d'Nomenclature, also Tariffer fir medezinesch Leeschtungen, wier net méi ugepasst. "Et gëtt nei Behandlungsmethoden, nei Tester, déi nach guer net existéieren. Anerersäits gëtt et och Tariffer, déi guer kee Sënn méi maachen, well se kënnen och ënner Ëmstänn vill ze héich sinn, well natierlech d'Technologie och evoluéiert huet." Donieft hätte Privatdokteren duerch hir Praxissen op eegen Initiativ an op eege Käschten e landeswäit Netzwierk u medezinescher Infrastruktur opgebaut. Dës Roll misst méi unerkannt ginn.
Kritesch gesäit de Gérard Schockmel an deem Kontext d'Gouvernance vun der CNS. Déi géif d'Realitéit um Terrain an déi zentral Roll vun den Dokteren net genuch reflektéieren. "An ech denken, et ass absolutt legitim fir ze soen, datt déi Gouvernance muss iwwerschafft ginn." D'Kollektivverträg an de Spideeler géing schliisslech och reegelméisseg ugepasst ginn, wärend bei der Konventioun mat den Dokteren esou Ännerungen op Widderstand stoussen.
Op d'Fro, ob d'AMMD ze wäit gaange wier, well si ënner anerem der Ministesch Desinformatioun virgeworf hunn, äntwert de Gérard Schockmel, dass hien den haarden Toun vun der AMMD ka verstoen. Wann een an den Eck gedriwwe géif ginn, misst een och méi haart schwätzen, fir sech Gehéier ze verschafen. Och wann d'Kommunikatioun zum Deel aggressiv gewiescht wier, géifen d'Problemer grondsätzlech Reformen erfuerderen.
Am Kontext vun der Klima- a Logementspolitik hu mer de Gérard Schockmel och op d'Fuerderung vun der DP ugeschwat, méi dicht a méi héich ze bauen. Op d'Fro no der Verantwortung vun der DP an der Stad Lëtzebuerg huet hien op déi nei Dimensioun vun der Wunnengskris verwisen. De Problem wier net nei, hätt awer Ausmoossen ugeholl, déi et an där Form virdrun net gi wier. D'DP wier bereet, hir Approchen unzepassen an aner Weeër ze goen, erkläert den Deputéierten.
Invité vun der Redaktioun: Dr. Gérard Schockmel
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.