
Sou schreiwen d'Chercheuren, datt d'Prevalenz vum ënnersichten Ofwaasser zwar géif liicht no uewen weisen, mee et misst ee virsiichteg sinn an ofwaarden, éier vun engem "Trend" kéint geschwat ginn.
Iwwer Land ginn et natierlech Differenze bei de Virus-Tauxen, sou wier eng kloer Dynamik vun enger Hausse an der Installatioun zu Schëffleng gemooss ginn.
Niddreg Wäerter goufen ënner anerem an de Sidest-Anlagen zu Gréiwemaacher an Iwwersiren gemooss. Source: https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/