Eigentlech wollt d'Regierung mat hire Corona-Restriktioune vun Enn November erreechen, datt d'Neiinfektiounen zeréckginn a sech d'Situatioun an de Spideeler berouegt, ier et no de Feierdeeg nees riskéiere géif, unzezéien. Dat Zil konnt, wéi mer wëssen, net erreecht ginn. Vill méi huet de Centre Hospitalier du Nord dës Woch missen d'Decisioun huelen, fir just nach Urgencen an dréngend Traitementer bäizebehalen. Zanter en Dënschdeg sinn eng Partie vun den Operatiounssäll zu Ettelbréck an dee ganze Bloc opératoire zu Wolz zou.
D'Nordspidol huet an de leschten Deeg einfach missen ze vill Corona-Patienten ophuelen. An duerfir wier engem näischt aneres iwwreg bliwwen, fir weider ze deprogramméieren, seet den Directeur médical Paul Wirtgen.
"D'Covid-Zuele sinn héich a si si bei eis déi lescht Deeg ganz kloer eropgaangen. An do mierke mer, datt d'Ekippen, déi wierklech an de soins intensifs schaffen, wierklech ufänke midd ze ginn."
D'Ekippe mussen den Ament eng 65 Covid-Patienten am Centre Hospitalier du Nord betreien. 12 dovunner op der Intensivstatioun. Am Ganzen huet d'Nordspidol 16 Reabetter. D'Ekippen hätten duebele Stress, sou den Dokter Wirtgen. Engersäits déi kierperlech Belaaschtung am Tyvek-Kostüm ënner Dauerstress ze schaffen an dat elo scho méintelaang an anerersäits a virun allem awer och de psychologeschen Drock duerch d'Gravitéit vun der Krankheet.
"Et gëtt leider international kee Wonnertraitement. Et sinn nei Saache komm, nei Approchen. Mä bei grave Covid-Fäll ass et ganz belaaschtend an dat ass eppes wat, mengen ech, besser ze verkraaften ass, wann een heiansdo kann e puer Deeg Congé huelen."
Dat wier och ee vun den Haaptgrënn, firwat bis de 4. Januar net-dréngend Operatiounen ofgesot goufen.
De Bléck hannert d'Spidolsmauere weist kloer: Et leeft awer net alles sou normal wéi ee vläicht menge kéint. Den Alldag vum Klinikpersonal ass däitlech vum Covid gepräägt a beanträchtegt. Dowéinst hofft den Directeur médical vum Centre hospitalier du Nord och, datt d'Infektiounen erofginn.
"Ob et zeréckgeet, weess keen. Mä et ass schonn ee kloren Zweiwel ënnert allen an de Spideeler, well d'Populatioun vläicht heiansdo mengt, et geet jo sou gutt. Mir kënnen awer fräi liewen, akafen an trotzdeem geet et sou gutt, mä an de Spideeler hu mer gesinn, et ass elo méi Aarbecht. Et rappt un. Et si lo méi Fäll. Op alle Fall ënnerstëtze mer de Message, d'Populatioun sollt et eescht huelen a sou vill Distanciatioun wéi méiglech applizéieren."
Ob d'Regierung an deem Kontext hätt missen zousätzlech Restriktiounen decidéieren, dozou wollt sech den Directeur médical vum Nordspidol am Interview net äusseren.
