
Gesicht gëtt de Chauffer vun enger Camionnette ("Kastenwagen") vun heller Faarf a mat engem Firmelogo.
Dat Gefier koum vun Heischent an huet ee Won mat engem Kran drop iwwerholl. Hannert him war ee weideren Auto, deen dëse Won mat engem Kran drop iwwerholl huet.
Béid sinn duerno Richtung Feelen gefuer. An der Tëschenzäit huet de Chauffer vum Auto sech bei der Police gemellt. De Chauffer vun der Camionnette net.
Och Persounen, déi hannert dem verongléckten Auto vu Feelen an Direktioun Heischent gefuer sinn, solle sech bei der Police Turelbaach um Nummer: 244-85-1000 oder iwwer Mail, police.turelbaach@police.etat.lu, mellen.
Eng Automobilistin hat d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass mat engem Trakter kollidéiert, deen aus där anerer Richtung koum. Den Accident ass wärend engem Iwwerhuel-Manöver am Géigeverkéier geschitt.
Nodeems déi Blesséiert vum Samu op der Plaz behandelt goufen, koume si an d'Spidol. 4 Persoune goufe beim Accident verwonnt, e Meedche vu 15 Joer sollt seng Blessuren net iwwerliewen. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf kontaktéiert. D'Strooss hat misse fir den Trafic gespaart ginn.
