Op Kaz geschossD'Police sicht am Fall vun Déierequälerei zu Steeën no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf leschte Freideg an der Nic Pletschettestrooss, respektiv an der Ëmgéigend, op eng Kaz geschoss.
© AFP

De Virfall muss tëscht 17.10 an 18.30 Auer geschitt sinn. En onbekannten Täter huet mat engem Loftgewier op eng Kaz geschoss. D'Déier ass beim Veterinär u senge schlëmme Blessure gestuerwen.

Leit déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police zu Dikrech-Veianen um 244801000 oder per E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO