Schroe Fall vun DéierequälereiDoudeg schwaarz-gro gefleckte Kaz zu Dummeldeng fonnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg zu engem schroe Fall vun Déierequälerei an der Rue des Hauts-Fourneaux zu Dummeldeng.

An de Moiesstonne gouf eng kleng schwaarz-gro gefleckte Kaz dout an der Afaart vun engem Gebai fonnt. D'Police präziséiert, dass et sech hei ëm e besonnesch tragesche Fall vu schwéierer Quälerei handelt. Detailer gi keng genannt.

De Policebüro vum Lampertsbierg këmmert sech ëm de Fall. Sämtlech Informatioune si fir den 244 48 1000.

Back to Top
CIM LOGO