Joresréckbléck SantéDokteschassociatioun AMMD stéisst op massive Widderstand

Raphaëlle Dickes
Si hat d'Konventioun mat der CNS gekënnegt, fir eng méi modern Medezin mat méi kuerze Waardezäiten am Sënn vum Patient ze erreechen. Um Enn huet d'Dokteschassociatioun mat hire Revendicatiounen awer souguer eege Confrèrë géint sech opbruecht.
Joresréckbléck Santé
Si hat d’Konventioun mat der CNS gekënnegt, fir eng méi modern Medezin mat méi kuerze Waardezäiten am Sënn vum Patient ze erreechen.

Gescheitert Negociatiounen iwwer Tarif-Erhéijunge mat der Gesondheetskeess waren d’Drëps ze vill fir d’Dokteschassociatioun AMMD. Nom Frust, datt CSV-DP-Regierung annoncéiert Mesurë schleefe gelooss huet. D’Méiglechkeet fir gewëss Aktivitéiten och a Cabinete baussent de Spideeler ze ënnerstëtze beispillsweis, oder nach d’Iwwerpréiwe vun der CNS-Gouvernance. Enn Oktober kënnegt d’AMMD d’Konventioun mat der CNS.

Mat hire Revendicatiounen, wéi dem selektive Konventionnement an Tarif-Autonomie, bréngen de President Dr Chris Roller a säi Vize Dr Carlo Ahlborn net just Politik, Gewerkschaften a Patientevertriedung géint sech op. Am Verwaltungsrot gëtt et Oppositioun. An och eng ganz Rei aner Doktere stelle kloer, datt si weder eng Zwee-Klasse-Medezin wëllen, nach geschwächte Spideeler oder extern Investisseuren an Dokteschgesellschaften... Fir déi d’Regierung jo ee gesetzleche Kader schafe wëll, nodeem se dee vun der fréierer Gesondheetsministesch Paulette Lenert zréck gezunn hat.

Eng “Clinic” déi keng ass

Ueleg op d’Feier ass de Projet Findel Clinic, deen duerch en Artikel am Land op d’Tapéit kënnt. Hannendru stiechen déi viregt AMMD-Responsabel, d’Dokteren Alain Schmit a Philippe Wilmes. Zesumme mat Associéeën aus der Immobilien- a Geschäftswelt wëlle si eng pluridisziplinär Gemeinschaftspraxis fir bis zu 15 Dokteren opmaachen. Déi zwee Medezinner mat Entreprenariat-Geescht wiere sech géint d’Reprochë vu politescher Agenda an der Sich nom séiere Profit.

D’Findel Clinic wär keng Privatklinik, u sech guer kee Spidol, och wann den Numm dat suggeréiere kéint. Mee et wéilt een Dokteren aus dem Ausland unzéien an hinnen et méi einfach maachen, sech zu Lëtzebuerg ze etabléieren a vernetzt ze schaffen. “Dat huet näischt mat enger politescher Agenda ze dinn. Et ass einfach opgrond vun enger Analys, datt et net genuch Dokteren hei zu Lëtzebuerg ginn an dass den Accès schwiereg ass, dass mer einfach probéiert hunn, eppes ze maachen. C’est tout!”, iergert sech den Dokter Schmit am RTL-Interview.

All dës Entwécklunge ruffe souguer de Collège médical op de Plang. An enger Stellungnam schreift den héije Gremium vu perversen Entwécklungen am Secteur, wou d’Rentabilitéit iwwer dem Doktesch-Eed stéing.

Geschwächt an d’Verhandlunge mat der CNS

D’AMMD ruddert zréck, seet, et géif een um solidaresche Modell festhalen. Nawell wëll ee mat zwou Vitesse fueren. Fest steet, datt d’Dokteschassociatioun ee Sträit ëm déi grondleeënd Ausriichtung vun eisem Gesondheetssystem lassgetrëppelt huet, an deem se awer ferm Plomme gelooss huet. D’Gewerkschaft fir salariéiert Spidolsdokteren MSH ännert souguer d’Statutten, fir liberal Confrèren aus de Klinicken och kënnen ze vertrieden. Eng Rei Doktere fille sech nämlech net méi vun der AMMD vertrueden.

D’AMMD decidéiert, ee Vertrieder vun de Spidolsdokteren als Observateur mat an d’Verhandlunge mat der CNS ze huelen. D’Konventioun ass fir d’Dokteren awer just deen ee Volet. Och iwwer dee gesetzleche Kader misst geschwat ginn an zwar mat der Gesondheetsministesch a mam Premier, fuerdert den AMMD-President Chris Roller.

Parallel gi kuerz virun der Chrëschtvakanz an der Chamber d’Changementer vum Spidolsgesetz ugeholl. Domadder kënne lo och ambulant Behandlungen an der Dermatologie a beim groe Star baussent dem Spidol gemaach ginn. Am leschte Regierungsrot viru Chrëschtdag kritt de Gesetzesprojet fir d’Dokteschgesellschafte gréng Lut a kann also elo op den Instanzewee.

Ma domadder sinn d’Diskussiounen iwwer de Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg bei wäitem net bäigeluecht. De Sujet dierft eis och 2026 weider beschäftegen.

Back to Top
CIM LOGO