Familljemembere positiv getestDokter vum Escher Spidol war trotzdeem schaffen

RTL Lëtzebuerg
En Dokter vum Escher Centre Hospitalier war schaffen, obwuel Membere vu sengem Stot positiv op de Sars-CoV-2 getest goufen. Dat mellt Tageblatt.

D'Redaktioun hat de Virfall vun enger Spriecherin vum Chem confirméiert krut.

Den Dokter hätt de 15. November 12 Stonne am Spidol geschafft, wéi hien op säin eegent Testresultat gewaart huet. D'Spriecherin betount dem Tageblatt géintiwwer, dass den Dokter keng Symptomer gehat hätt. Hien hätt säi Posten och direkt verlooss, wéi hie gewuer ginn ass, dass säi Corona-Test positiv war.

Wéinst den héije Sécherheets- an Hygiènesmesuren hätt den Dokter kee weidere Mataarbechter ugestach. D'Direktioun hätt déi néideg Mesurë geholl, fir dass esou eppes net nach emol virkënnt.

Back to Top
CIM LOGO